Eenheetspatent-Package

Europäesch Patenter si strategesch Tools fir innovativ Firmen: si hëllefen hir technologesch Entwécklunge souwéi hir Maartundeeler ze schützen, Investitiounen unzezéien a Partnerschaften anzegoen.

Bis haut si méi wéi 22.000 europäesch Patenter als Eenheetspatent erdeelt ginn, dorënner 34% vu PMEen.

Zënter sengem Akraafttrieden den 1. Juni 2023, ergänzt a stäerkt d‘europäescht Eenheetspatent („Europäescht Patent mat eenheetlecher Wierkung“) den existente zentraliséierte System fir europäesch Patenter. Zesumme mam eenheetleche Patentgeriicht (EPG), bitt et fir d‘Notzer eng käschteneffizient Optioun fir de Patentschutz an d‘Sträitschlichtung an Europa.

Zéckt net eis Patentequipe ze kontaktéiere fir all Froen zum Thema zum Eenheetspatent a méi allgemeng zum Schutz vum intellektuellen Eegentum.

Liest och hei d’Brochure vum Europäesche Patentamt zum Thema:

https://e-courses.epo.org/pluginfile.php/194229/mod_label/intro/UP-1920x1080px-Flyer-B-users-LUX-R01-SEO.pdf